Op Schoul hunn ech schonn laang kee Bock méi, 
meng Rechnungen di mir an den Ae wéi, 

mee schaffe wou, ouni Ofschloss, 
vum Schaffe kréien ech esou de Koz, 

eng Léisung muss hier, 
op ee mol schellt et un der Dier, 

et ass eisen Noper de Jang,
mat sengem ganze Bataklang, 

en seet zum Jong, du dees mir leed, 
komm bei mech erop op Mëtscheed, 

op de Liewenshaff, komm bei eis, 
komm op d’Schaff! 

Zur Auswiel hues du 5 Modullen, 
eemol d’Kichen, Haaptaufgab Spullen, 

da gëtt et den Nettoyage, 
entspaant botzen, et fillt en sech wien op der Plage, 

da gëtt et den Eisenatelier, do schafft eise léiwen André, 
da gëtt et den Agro, mat Päerd musst du do schaffen, 
et wechmaachen, wann Sie an d’Reithal kacken! 

Schliisslech komme mir zum Horti, 
de Planzen Hieren perséinleche Portier! 

Geméis ubauen, Blummen netzen, 
um dir Mëttes eppes Gesondes op den Teller zu setzen! 

Um Liewenshaff do ass et flott, 
Gleef mir dat ass kee Schrott! 

Niewebäi kanns du och nach rëm an d’Schoul goen, 
du musst just ganz Leif froen! 
Erop bäi eise Psycholog, dohi kanns du och goen, 

mat him iwwert deng Gefiller schwätzen, 
en wäert dech och net verpetzen! 

Winns de Sue kanns du bäi eis Assistance sociale,
neeneenee déi ass net ganz banalen, 

si hëlleft dir am Finanziellen, 
an nëmme fir zu schwätzen, kennt se perséinlech un deng Dier schellen! 

Owes hues du keng Loscht heem zu fueren…?
komm an d’Internat, 

huel eng bequeem Dusch, 
lee dech an d’Bett oder op d’Kusch, 

ganz vill Aktivitéite waarden op dech, 
jo do bleifs du waakreg, 

Owes um 10 da bass du schéin midd, 
kanns gutt schlofen a bass moies fit! 

Jo Liewenshaff, dat ass meng Léisung, 
villäicht bass du jo och gläich drun?!

geschriwwen vum Joé Krbec Juli 2022

Songtext:
Liewenshhaff

Dëssen Songtext, guff vun engem vun eisen Schüler entworf, als Ofschloss vun sengem Projekt héi bei eis um Liewenshaff.

Villmols merci

Liewenshaff
32, DuerfstroossL-9165 Merscheid
Päerd's Atelier a.s.b.l
B.P. 2788L- 1027 Luxembourg
Lageplan Liewenshaff
Unsere Partner

© 2024 Päerd’s Atelier a.s.b.l. Alle Rechte vorbehalten.